Grousse Kino
Mam Deadpool géint de Zocker an de Krich
Mëtt Mee, mam gudde Wieder a mam Festival zu Cannes, gëtt esou lues awer sécher d'Summersaison am Kino agelaut. An deem Sënn steet nächst Woch en neie Star Wars Film an de Startlächer. D'Distributeuren hu sech dofir fir dës Woch wéineg Filmer getraut, an de Programm ze setzen. D'Martine Reuter an den Tom Dockal hunn, vun deenen am ganzen véier, dräi Filmer gesinn. Dat wieren:
"En guerre" vum Stéphane Brizé, mam Vincent Lindon,
"Deadpool 2" vum David Leitch, mam Ryan Reynolds an
"That Sugar Film" (Documentaire) vum Damon Gameau.