Europa Aktuell
D'Spill mat de verschiddenen Optiounen
De Jean Asselborn, aktuelle Lëtzebuerger Ausseminister, gouf viru Kuerzem an der Press als europawäite Spëtzekandidat vun de Sozialisten an d'Gespréich bruecht. Hie géif sech elo op d'Chamberwahlen konzentréieren, sou seng Reaktioun.
Et ass awer net ausgeschloss, datt hien dono bei den Europawahlen untrëtt. Verbueden ass dat net.
Zanter datt déi zwou Wahlen net méi op dee nämechten Datum falen, gëtt et nees méi Spillraum fir taktesch Spiller. Kënnt bei deenen enge Wahlen net dat dobäi eraus, wat ee sech erwaart, kann een et nach ëmmer bei deenen anere probéieren.
Ass dat Wielerbedruch?
D'Danièle Weber geet där Fro an eisem Dossier no.