Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

Panorama


Muer kennt et fir d'éischte Kéier zu engem Streik am Fleegesecteur hei am Land - vu sechs Auer muer de Moien u leet en Deel vum Personal vum Fleegeheem "An de Wisen" zu Beetebuerg d'Aarbecht néier

Hie wier iwwerzeegt, datt -anescht wéi beim Krankenhaus Nord zu Wien- de Budget vu ronn 540 Milliounen Euro fir dat geplangte Südspidol zu Esch géif agehale ginn. Dat sot de Georges Mischo, President vum CHEM-Verwaltungsrot an Escher CSV-Buergermeeschter

Lëtzebuerg kritt eng éischt rout Lëscht vu menacéierten Aarte vu Päiperleken: dat huet d'Carole Dieschbourg haut um internationalen Dag vun der Ëmwelt ugekënnegt

De LISER huet d'lescht Joer 164 Publikatiounen erausbruecht, 45 Prozent méi wéi dat Joer virdrun. Diskussioune gouf a gëtt et allerdéngs um Niveau vum Kollektivvertrag fir d'Mataarbechter vum LISER

D'CGFP an d'Regierung verhandelen iwwer en neit Gesamtofkommes fir d'Fonction publique

Eng Persoun, déi eng psychotherapeutesch Behandlung brauch, soll net d'éischt mussen e Psychiater gesinn, ier se hir Behandlung rembourséiert kritt - dat schreift d'Patientevertriedung haut am Kontext vun de Verhandlungen ëm d'Konventionéierung vun de Psychotherapeuten

De Statec bleift derbäi: déi nächst Index-Tranche erfält elo am 3. Trimester. Also op den 1. Juli oder, méi wahrscheinlech, op den 1. August respektiv den 1. September 2018

De Chef vum Chantier nieft dem Wichtelhaus zu Beggen huet dem Service Sites et Monuments schrëftlech verséchert, datt bei der Demolitioun géif opgepasst ginn, datt dat denkmalgeschützt Gebai net zu Schued kennt

D'EU-Inneministeren hunn haut hei um Kierchbierg iwwer déi ëmstridde Reform vun der europäescher Asylpolitik diskutéiert, déi jo schonn zanter 2016 blockéiert ass

Den Iran fänkt erëm un, Uran unzeräicheren. Dat wier dorop ausgeriicht, Israel ze zerstéieren, mengt den israelesche Premier Benjamin Netanyahu

Am French Open ass bei den Hären den Éisträichescher Dominic Thiem an der Halleffinall, bei den Damme sinn et d'Amerikanerinnen Madison Keys géint Sloane Stephens

Déi 2. Etapp am Critérium du Dauphiné Libéré am Cyclissem ass am Sprint vum Däitsche Pascal Ackermann gewonne ginn. De Bob Jungels ass haut als 58. an der selwechter Zäit wéi de Gewënner iwwer de wäisse Stréch gefuer

D'Lëtzebuerger Futtballnationalequipe spillt den Owend um aacht Auer an engem Testmatch am Stade Josy Barthel géint Georgien


Episoden

Moiespanorama

Urdeel ëm en deitleche Tëschefall 2023 um Training vun der Jeunesse / Nantes: Messerpickerei an engem Lycée mat engem Doudegen an drei Blesseierter / D. Trump: "Russland hällt de Krich op ouni di ganz Ukrain eruewert ze hunn!"

Moiespanorama

Urteel am déidlechen Tëschefall 2023 um Training Jeunesse / Nantes: Messerpickerei a Lycée: een Doudegen / D. Trump: "Russland hält de Krich op ouni ganz Ukrain eruewert ze hunn
headphones

10 min

play_arrow

Owespanorama

FEDIL-Schwéierpunkte fir nächst Joer / Prozess déidlechen Tëschefall bei Escher Jeunesse: 18 Joer Prisong / EU-Kommissioun: järlech Kontroll fir Autoen, déi méi wéi 10 Joer hunn
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Prozess ZUG géint Stad Lëtzebuerg / Weider Nobiewen zu Istanbul / IGP gesäit Bodycamme positiv
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Vott am Gemengerot: Bettenduerf zitt sech aus Projet Nordstad zeréck / Chamber kritt Audit iwwer MUDAM / Arcelor Mittal wëllt 1.400 Aarbechtsplazen aus Europa delokaliséieren
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Vott am Gemengerot: Bettenduerf zitt sech aus Projet Nordstad zeréck / Chamber kritt Audit iwwer MUDAM / Arcelor Mittal wëllt 1.400 Aarbechtsplazen aus Europa delokaliséieren
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Caritas: fréieren Direktiounsmember erhieft Virwërf vun Dysfonctionnement / Cargolux Bilan 2024 / Dosenden Äerdbiewe virun Istanbul: 150 Blesséierter
headphones

11 min

play_arrow

Panorama

Petitioun zu Covid / Äddi vum Poopst / Fussball-Coupe a Basket-Championnat
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Vizepresident Caritas-Verwaltungsrot wousst iwwer héich Kreditlinne Bescheed, éier d'Fraude opgeflunn ass / MUDAM: Kulturminister Eric Thill optimistesch a Saachen Audit
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Caritas-Spezialkommissioun: Entrevue mam fréieren Operatiounschef / Ukrainkrich: Berodungen zu London / Gleeweger kënne Poopst François am Péitersdoum Äddi soen
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Premier a groussherzoglech Koppel e Samschdeg bei Trauerfeier fir Poopst dobäi / Ombudsman zu Fixatiounen a Psychiatrien / IWF: Trump-Taxe bremse Weltwirtschaft
headphones

11 min

play_arrow

Panorama

Mat de Sujete Suivi Doud vum Poopst François, lëtzebuergesch a fraséisch Reaktiounen dorop an Zukunft vu Liberty Steel
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Leo Wagener: Europa réckelt kierchlech ëmmer méi an den Hannergrond / Primärschoulen: Vun haut un Handyverbuet / Wladimir Putin oppe fir bilateral Gespréicher mat Kiew
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Nom Doud vum Poopst: Kardineel fänken haut mat Organisatioun fir Trauerfeier un / Primärschoulen: Vun haut un Handyverbuet / Wladimir Putin oppe fir bilateral Gespréicher mat Kiew
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

De Poopst François ass dout. Gëschter war hien nach op der Péitersplaz / An Zäit vun 20 Deeg soll d'Konklav zesummekommen, fir en neie Poopst ze wielen
headphones

15 min

play_arrow

Mëttespanorama

Ouschtermass zu Roum ouni de Poopst François / Wafferou am Ukrainkrich hält net / Déifferdeng 03 ass virzäiteg Lëtzebuerger Fussballchampion
headphones

8 min

play_arrow

Moiespanorama

Ouschtermarsch an der Stad: 400 Leit op der Strooss / Ukrainkrich: Waffepaus fir 30 Stonnen / USA: Protester géint Regierung Donald Trump
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorma

Demonstratioun no Geriichtsurteel zu London / Wladimir Putin verkënnegt Waffepaus / Ouschtermarsch zu Lëtzebuerg
headphones

8 min

play_arrow

Mëttespanorama

Ouschtermarsch an der Stad / Donald Trump verléiert d'Gedold am Ukrainkrich / USA: Supreme Court stoppt Ausweisung vu Venezuelaner
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanoram

Donald Trump verléiert d'Gedold am Ukrainkrich / Bei eis fält manner Sperrmüll un / EM vun der Turnakrobatik an der Coque
headphones

9 min

play_arrow