arrow_back_ios
Fräie Mikro
D'Intimidatiounstaktike vun der Chamber
En Dateleak ass e Problem, dee fir d'Ëffentlechkeet relevant ass. Trotzdeem seet d'Chamber dem radio 100,7 net Merci, mä saiséiert am Géigendeel d'Justiz fir géint d'Journalisten, déi de Leak opgedeckt hunn, virzegoen. Firwat dat besuergniserregend ass, erkläert d'Juristin Véronique Bruck an hirem Fräie Mikro.