Europa Aktuell
WM a Russland: Net nëmme Fussballfreed
D'ganzt Welt kuckt op Russland, wou vun haut un 32 Fussball-Equippen ëm ee Pokal kämpfen.
Et war vun Ufank un net onëmstridden, datt d'WM ausgerechent an dësem Land ofgehale gëtt. Ee Land, an deem Honnerte vu Leit aus politesche Grënn am Prisong setzen, ee Land, an deem Grondwäerter wéi Demokratie a Pressefräiheet nach laang net ëmmer respektéiert ginn.
Wat huet dat mat Fussball ze dinn? Sport a Politik trennen, dat geet net, soen dës Woch Europadeputéiert zu Stroossbuerg. Dowéinst sollt déi problematesch Situatioun a Russland net vu lauter Fussballfreed vergiess ginn.
Een Dossier vum Danièle Weber.