An nëmme sechs Woche goufen op der Grenz tëscht Mexiko an den USA bal 2.000 Kanner vun hiren Eltere getrennt. Esoubal d'Eltere probéieren illegal an d'USA ze reesen, gi si verhaft, an d'Kanner a provisoresch Heemer geschéckt. Dat ass déi radikal Immigratiounspolitik vun der Trump-Regierung. Hannergrënn dozou vun eisem Washington-Korrespondent Philip Crowther.
arrow_back_ios