arrow_back_ios
Fräie Mikro
D'Scheedungsreform bréngt eng aner Vue op d'Kand
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
D'Scheedungsreform weist op e fundamentale gesellschaftleche Changement hin. An zwar geet et ëm d'Vue op d'Kand, dat eng aktiv Roll ka spillen, wa seng Eltere sech trennen. Wann et maans genuch ass, kann de Familljeriichter decidéieren fir et unzehéieren. Et ka sech och en eegenen Affekot huelen. Fir konservativ Stréimungen ass dat en No go, well si dem Kand dat net zoutrauen. Fir méi liberal Kreesser ass et en neie Moment vun Emanzipatioun vum Kand.