arrow_back_ios
Fräie Mikro
E Plädoyer fir d'wëssenschaftlecht Buch
Op der Lëscht vu Bicher, déi Lëtzebuerg sollen op der Frankfurter Buchmesse vertrieden, feelen déi wëssenschaftlech Bicher bal ganz. Lëtzebuerger Verlager streide sech net drëm fir der ze publizéieren. An der Lëtzebuerger Dagespress gi se seele presentéiert. An dach kéinte Bicher aus de Geeschteswëssenschaften nieft deem literaresche Buch eng grouss Roll am Nation Branding spillen, fënnt de Michel Pauly.