Europa Aktuell
Kënschtlesch Intelligenz: Europa leeft hannendrun
Europa riskéiert d'Schlappen ze verléieren, wann et ëm déi sou genannten kënschtlesch Intelligenz geet. 90 Prozent vun den Investissementer an deem Secteur ginn a China an an den USA gemaach.
D'Europäesch Kommissioun probéiert mat enger eegener Strategie entgéintzesteieren. D'Memberlänner musse besser zesummeschaffen, fir op deem Gebitt virunzekommen, sou hire Wonsch.
Kënnt dat net ze spéit? A wat proposéiert d'Kommissioun ganz konkret? Dat sinn d'Froen un déi zoustänneg EU Kommissärin Mariya Gabriel am Interview mat Journalisten vum Radios-Réseau Euranet Plus.