arrow_back_ios
Grousse Kino
En Héichhaus dat brennt, e Verhéier um Policebüro an eng Night-Nanny
Am héchste Gebai vun der Welt zu Hongkong brennt et an dem Dwayne "The Rock" Johnson säin Talent ass am "Skyscraper" gefuerdert. "Au Poste" presentéiert en ongewéinlechen Interrogatoire am Policebureau an d' Froe stellt de Benoît Poëlvorde. Wat mécht eng Night-Nanny a ka si enger gestresster Mamm alias Charlize Theron hëllefen. Äntwerte gëtt et am "Tully".