Den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek United Instruments of Lucilin konnt bei sengem Optrëtt an der Elbphilharmonie zu Hamburg virun engem ausverkaafte Sall e grousse Succès feieren. Aner Optrëtter um Programm vun dësem Summer sinn a waren zu Freden an Däitschland, zu San Sebastian a Spuenien an zu Lëtzebuerg. Dëst ass e volle Programm, wann ee bedenkt, datt Lucilin kee professionellen Ensembel ass.
De Luc Boentges huet mam Direkter Guy Frisch iwwer de Concert an der Elbphilharmonie an d'Zukunft vum Ensembel geschwat.