Europa Aktuell
/ "Ech hätt dofir gestëmmt, datt den Artikel 7 géint Ungarn agesat gëtt"
"Ech hätt dofir gestëmmt, datt den Artikel 7 géint Ungarn agesat gëtt"
Den EU-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker huet gëschter en Appell lancéiert fir méi Unitéit an der EU, Spaltunge missten iwwerwonnen an d'Kompromëssbereetschaft méi grouss ginn. A senger Ried zur Lag vun der EU huet hie gëschter ee weideren Appell fir méi Solidaritéit an der Migratiounspolitik lancéiert.
D'Kommissioun hätt hei Propose gemaach, d'Memberlänner missten sech elo eens doriwwer ginn, wéi si domadder ëmgoe wëllen. Wat huet dës Kommissioun wëlles an de leschten 12 Méint, déi nach bleiwen, ze ënnerhuelen? D'Danièle Weber huet zu Stroossbuerg mam Kommissiounspresident geschwat.