arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-USA-Handelsträit: Déck Loft tëscht Bréissel a Washington
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Am Juli hat den EU-Kommissiounspresident probéiert, d'Situatioun ze entspaanen. Elo schéngen d'Tensiounen nees däitlech méi grouss ze ginn. Et geet net virun an de Gespréicher tëscht der EU an den USA iwwert ee méiglechen Handels-Accord. Déi eng Säit gëtt där anerer d'Schold dofir. Dobäi schéngt et mol nach net kloer ze sinn, iwwert wat eigentlech verhandelt gëtt. An zanter der leschter Woch sin och déi amerikanesch Tariffer op Autoen nees um Dësch.