Lescht Woch gouf dem Donald Trump säi fréieren Affekot Michael Cohen zu dräi Joer Prisong condamnéiert. Et huet hei net mat der Russland-Affär ze dinn, mee mat aneren illegale Geschäfter, déi während dem Spezial-Enquêteur Robert Mueller senger Enquête un d'Dagesliicht koumen.
Et gëtt ëmmer méi schwéier fir den US-President Donald Trump seng Onschold ze beweisen. De Philip Crowther mat Hannergrënn vu Washington.