De Government Shutdown, de Stëllstand vu villen amerikanesche staatlechen Institutiounen, ass elo a senger drëtter Woch. De Grond dofir ass dem Donald Trump säi Wahlversprieche fir eng Mauer op der Grenz mat Mexiko ze bauen. Dat gouf deemools nach als eng verréckt populistesch Iddi ugesinn, mee ass elo am Mëttelpunkt vun der neister amerikanescher politescher Kris. An d'Republikaner stäipen dem Trump do de Réck. Eise Washington-Korrespondent Philip Crowther mat Detailer.
arrow_back_ios