Europa Aktuell
Permanent Ad-Hoc-Léisungen
5 min
Rationéiert Drénkwaasser, eng eenzeg Toilette fir jiddwereen an eng ganz Partie séikrank Flüchtlingen u Bord: D'Situatioun op de Rettungsschëffer vun den ONGe Sea-Watch a Sea-Eye gouf als dramatesch beschriwwen. Gëschter koum dunn d'Nouvelle, datt déi 49 Refugiéen op Malta u Land konnte goen.
Et ass eng Ad-hoc-Léisung, iwwer déi wochelaang op europäeschem Niveau verhandelt gouf. D'EU-Länner misste sech endlech iwwer ee laangfristege Mechanismus eens ginn, sou den Appell vun der Europäescher Kommissioun. Dee kënnt net fir déi éischte Kéier. Allerdéngs ass genee esou eng Léisung bis elo net en Vue. Vu Bréissel d'Danièle Weber.