arrow_back_ios
Fräie Mikro
Wann d'Relioun de Rechtsstaat a Fro stellt
Verschidde Reliounen hunn an hiren extreemste Formen den Usproch sech iwwert dat weltlecht Gesetz ze stellen. Dobäi kënnen och Grondprinzipien, wéi de Verbuet vun der Diskriminatioun, a Fro gestallt ginn. An zwee Uerteeler hunn déi zwou héchsten europäesch Gerichter bekräftegt, datt reliéis Reegelen net dierfen de Virrang kréie virun dem Rechtsstaat an dat zum Nodeel vun islamescher Léier a chrëschtleche Feierdeeg. De Fräie Mikro huet haut de Frank Wies.