arrow_back_ios
Fräie Mikro
Lëtzebuerg ënner Schock
Zanter d'Société nationale de contrôle technique eng Präiserhéijung ugekënnegt huet, ass Zodi am Land. Dat Kregéilen ass hei awer schwéier nozevollzéien. Besonnesch wann et aus dem Eck vun den Oldtimersammler a soss Hobby-Tüftler kennt, déi Pleséier mat Noutwendegkeet verwiesselen. D'Bild vum klenge Mann géint déi déck do uewen ass an dësem Débat komplett schif. Dozou Iwwerleeunge vun der Anne Heniqui.