Europa Aktuell
Der Wirtschaft an der EU geet et gutt
Däitschland soll manner spueren a méi a Bildung an Infrastruktur investéieren, an déi ekonomesch Situatioun an Italien, op Zypern an a Griichenland ass alarmant. Dat seet d'Analys vun der Europäescher Kommissioun iwwer d'Wirtschaftslag an den eenzelen EU-Länner.
Fir Lëtzebuerg ass et ënner anerem de Rot, a Wunnengen an Transportinfrastruktur ze investéieren, an esou dofir ze suergen, dat d'Land net manner attraktiv fir privat Investisseure gëtt. D'Danièle Weber mat den Detailer iwwer dës Bewäertung, déi d'Kommissioun all Joer am Wanter mécht.