arrow_back_ios
Fräie Mikro
En neie Kale Krich?
1989 ass d'Mauer gefall a kuerz dono den Ostblock auserneegebrach. Endlech war d'Zäit eriwwer, wou de Mënschen hir Sécherheet nëmmen doranner bestanen huet, datt d'USA an d'Sowjetunioun an hir Alliéiert sech géigesäiteg kéinten e puer Mol ëmbréngen an dofir léiwer guer net domat ugefaangen hunn. Haut ginn der Rei no d'Ofrëschungsverträg aus den 80er Joren opgeléist a mir mussen en neit atomaart Wettrëschte fäerten.