Europa Aktuell
Bilan vum Junckerplang
Mat der Europawahl am Mee geet och d'Legislaturperiod vun der EU-Kommissioun Juncker op en Enn. Wéi d'Kommissioun Enn 2014 hir Aarbecht opgeholl huet, goufen et net genuch Investitiounen an Europa. Fir dat ze änneren, ass en ambitiéisen Investitiounsprogramm an d'Liewe geruff ginn. De sougenannte Juncker-Plang sollt mat Hëllef vun der Europäescher Investitiounsbank BE dofir suergen, datt bis 2020 eng Zomm vu 500 Milliarden Euro zousätzlech an déi europäesch Ekonomie investéiert gëtt. Wéi gesäit et haut aus mam Juncker Plang? Detailer vum Stephan Polet.