arrow_back_ios
Europa Aktuell
Debatt tëschent fënnef europäesche Spëtzekandidaten
Als Optakt vun der waarmer Phas vum Europawahlkampf gouf d'Debatt annoncéiert, déi d'Universitéit vu Maastricht den 29. Abrëll co-organiséiert huet. Invitéiert waren all d'Parteien, déi een europäesche Spëtzekandidat an d'Renne schécken, mee net jiddwereen ass der Invitatioun nokomm. Dorënner de Kandidat vun der Europäescher Vollekspartei Manfred Weber. D'Pia Oppel huet d'Diskussioun am Livestream suivéiert.