Beethoven ass e bekannten awer kee geleefegen Numm. E Genealog huet eng ronn 50 Leit fonnt, déi nach iwwert dem Beethoven seng Bridder mam Komponist Famill sinn. D'Famill Beethoven huet hir Wuerzelen an der Géigend vu Mechelen an der Belsch, wou den Numm haut nach präsent ass. D'Nokomme waren op Invitatioun vun der Initiativ "Bürger für Beethoven" zu Bonn.
arrow_back_ios