arrow_back_ios
Klassik aktuell
Net nëmmen opéra bouffe
E Kölner gëtt de Meeschter vun der opéra bouffe zu Paräis. Dem Jacques Offenbach seng Carrière ass keng gewéinlech, a säi Wierk gëtt dacks eendimensional gekuckt. De Komponist huet nämlech net just där lëschteg Saache geschriwwen, mee war och an anere Genren een net manner brillante Createur. Dëse Mount gëtt den 200. Gebuertsdag vum Offenbach gefeiert, an do kommen och seng aner musikalesch Facetten nees zur Geltung.