arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Jurysmember aus Lëtzebuerg
Zu Augsburg leeft den Ament déi zéngt Editioun vum internationale Leopold Mozart-Geieconcours. Vun de 24. Kandidaten déi zougelooss waren hunn et der dräi an d'Finall gepackt. Wie gewënnt, entscheet ënnert anerem de Chefredakter vu Pizzicato.lu a fräie Mataarbechter beim radio 100,7 Remy Franck. Hien ass Member vun der internationaler Jury, déi sech aus Museker, Journalisten an Intendanten zesumme setzt.
De Luc Boentges huet mat him iwwer de Concours, d'Finalisten a seng Aarbecht als Jurysmember geschwat.