Dacks sëtzt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg fir Opereproduktiounen an der Fosse vum Stater Theater. Vun en Donneschdeg bis e Samschdeg (27.-29.6.2019) geet et dës Kéier ëm e bekannte Ballet. "Giselle" vum Adolphe Adam an enger neier Choreographie vum Akram Khan: "Giselle with 46 Dancers". Fir dës Produktioun gouf d'Musek vum Adam vum Dirigent Gavin Sutherland nei arrangéiert. Hie selwer wäert den OPL an deene véier Virstellungen English National Ballet dirigéieren.
arrow_back_ios