Mam neien Departement Musek fir jiddwereen vun der Museksschoul zu Déifferdeng an der Fondatioun EME (Écouter pour Mieux s'Entendre) gi vun der Rentrée vum Schouljoer 2019/20 u Course fir Mënsche mat Aschränkungen a besonnesche Bedierfnesser proposéiert. Am Interview mam Luc Boentges gëtt d'Monique Kellen en déiwen Abléck an dëse Projet, dee si mat op d'Bee gestallt huet.
arrow_back_ios