arrow_back_ios
Klassik aktuell
Fokus op Eegeproduktiounen
Den neien Direkter vum Mierscher Kulturhaus, de Claude Mangen, setzt an der Museksprogrammatioun fir d'Saison 2019/2020 op Hausproduktiounen an op einheimesch Talenter. De Summer Orchestra Luxembourg kritt eng Résidence, den Ensemble Kamerata kënnt mat engem musikalesch-politesche Programm, an Zesummenaarbecht mat de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette ass am Februar dem Purcell seng Oper "Dido and Aeneas" ze gesinn.