arrow_back_ios
Fräie Mikro
Superbia
Den Narzissmus, deen den Christopher Lach Enn de 70er als wichteg Charakteristik vun eiser westlecher Kultur diagnostizéiert huet, ass e komplizéiert Phenomen. En entsteet aus gesellschaftleche Kontradiktiounen eraus a manifestéiert sech net einfach als Iwwerschätzung vum Ech, mee als e Konflikt mam Ech. Dat passt och zum Deel bei den haitege kulturellen Narzissmus, obwuel deen och schonn nei Formen ugeholl huet, mengt den Auteur a Psychoanalytiker Thierry Simonelli