Klassik aktuell
100 Joer Ensemble à plectre vun Esch/Uelzecht
Héiert een d'Instrument Mandolinn spillen, denkt een direkt un Italienesch Museker op enger Gondole zu Venedeg. An dach sinn dem Ensemble à plectre municipal vun Esch/Uelzecht seng Originnen net bei italienesche Migranten, mee bei däitschen. Des Weidere spillt den Ensembel, dee mëttlerweil en exzellenten Niveau huet, e Repertoire, deen näischt mat italienesch populärer Musek ze dinn huet, mee promovéiert gären déi original usprochsvoll Musek fir dës Besetzung.
De leschte Freideg huet den Ensembel der Press säi Programm fir seng 100-Joresfeier virgestallt. De Manuel Ribeiro mat Detailer.