arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vun 1844 bis haut
Vun haut (4.7.2019) bis zum 5. Oktober 2019 kann een am Nationalarchiv d'Ausstellung "Crescendo" besichen, an där déi 175-järeg Geschicht vun der Maîtrise Sainte-Cécile vun der Kathedral verzielt gëtt. Ausgestallt si Partituren, Manuskripter an Dokumenter, an et kann een an Opname vu Concerten eralauschteren.
De Luc Boentges huet sech gëschter mat den Organisateure getraff an ass mat hinnen duerch d'Ausstellung gaangen.