Klassik aktuell
Nordamerika aus den Aen vun de Solistes Européens
An de leschte Jore sinn d'Solistes Européens immens fläisseg, wat Diskeproduktiounen ugeet, an dat bei zwee Labelen: Naxos a Rubicon. A grad bei dësem Label Rubicon ass elo eng nei CD erauskomm, op där d'Solistes Européens en "nordamerikaneschen" Programm proposéieren. Nieft dem Dvorak senger Symphonie Nr 9 "Aus der neuen Welt" sinn zwee weider Wierker ze héieren: dem Charles Ives säin "Washington's Bithday" an dem Aaron Copland säin "Quiet City". De Manuel Ribeiro huet sech mam Dirigent vun de Solistes Européens, Luxembourg, dem Christoph König, ënnerhalen.