Klassik aktuell
D'Sprangbure vu Roum
Den 9. Juli 1879 gouf den Ottorino Respighi zu Bologna gebuer. Nodeems hien eng Zäit Geiist am Mugellini Quintet war, huet hie sech zu Roum niddergelooss a gouf Professer fir Kompositioun um Conservatorio di Santa Cecilia. International bekannt gouf hien e puer Joer méi spéit mat senger Toundichtung "Fontane di Roma". D'Inspiratioun dozou huet hien ënner anerem op enger Plaz fonnt, déi virun allem bei franséische Komponisten immens beléift war. De Luc Boentges hëlt dëst Wierk fir dem Ottorino Respighi säin 140 Gebuertsdag méi genee ënner d'Lupp.