Klassik aktuell
Mat Rossini a Beethoven an de Summer
Gëschter (11.7.2019) gouf déi 44. Editioun vum Iechternacher Festival lancéiert, dee sech dëst Joer mat engem neie Gesiicht presentéiert. De fréiere Festival fir klassesch Musek stellt sech méi breet op a leet säi Fokus op Museker wéi de Läb, de Serge Tonnar oder och den Jazz-Ensembel Klein. Seng Racinnen huet de Festival trotzdem net ganz opginn: De Maurice Clement vermëscht d'Kläng vun der Uergel an der Basilika mat der Musek vum Aamar, Napoleon Gold huet sech mat Sträicher zesummegedoen an och den Orchester vum Conservatoire de Musique du Nord trëtt ënner der Direktioun vum Martin Elmquist op (13.7.2019).
Am Interview mam Luc Boentges schwätzt de Martin Elmquist iwwer dëse leschten Optrëtt virun der Summervakanz.