arrow_back_ios
Klassik aktuell
Streichquartettfest und Blechbläserglanz
Freden ass eng kleng Gemeng vun 3.000 Awunner a läit am Niedersächseschen - tëschent Hannover a Göttingen. Den Utz Köster, Braatschist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, huet do 1991 ee Kammermuseksfestival op d'Bee gestallt. De Museker ass vu Freden gebierteg a gouf sengerzäit ugeschwat, d'Stiedche kulturell ze beliewen. Dëst Joer ginn d'Internationale Fredener Kammermusiktage an hir 29. Saison.