arrow_back_ios
Klassik aktuell
Molly & Monroe
Am Ufank vum 20. Joerhonnert kommen Dänzerin Hedwig Joram an de Bühnekënschtler Walther Flechtheim zesummen. Alle béid fänken eng nei Carrière un a nennen sech den Danzduo Molly & Monroe. Mee an de 30er Jore mussen si aus Däitschland flüchten, an näischt méi wäert esou einfach si wéi soss. Zu dëser Geschicht huet d'Catherine Kontz eng Musek geschriwwen, déi elo op CD erauskoum. De Manuel Ribeiro huet sech mat der Komponistin ënnerhalen.