arrow_back_ios
Klassik aktuell
Komponisten, déi fir d'Kathedral geschriwwen hunn
De 4. Juli ass an de Staatsarchiven eng Ausstellung ronderëm den 175. Anniversaire vun der Maîtrise vun der Kathedral opgaangen. An dëser Ausstellung sinn och eng Rëtsch Partituren aus dem Fundus vum Chouer ze gesinn, Komponisten, déi haut vläicht eng Grëtz vergiess sinn an net méi opgeféiert ginn. D'Maîtrise huet sech virgeholl, den eegenen Noutenarchiv opzeschaffen a Wierker nei ze publizéieren, dat an Zesummenaarbecht mat de Luxembourg Music Publishers. Den Ufank ass elo gemaach mat dräi Wierker vum Heinrich Oberhoffer.