arrow_back_ios
Klassik aktuell
E kuerzweilege "Sängerkrieg auf der Wartburg"
Et gouf gelaacht gëschter Owend am Tempel vun der Wagner-Musek. Fir dëst Behuelen, dat scho bal géint de Knigge vun de Bayreuther Festspiller verstéisst, huet den Tobias Kratzer gesuergt. De Regisseur huet e kuerzweilegen, sprëtzegen "Tannhäuser" op d'Bühn bruecht, ounst awer de Geck mam Wagner a senger Musek ze maachen.