Klassik aktuell
D'Instrument ass de Spigel vum Museker
"Een Instrument ass wéi Gezei, et muss sëtzen", seet de Flüttespezialist Peter Swinkels. De Peter Swinkels huet Flütt zu Maastricht studéiert an ass och Chemiker. Hie kennt sech deemno beschtens mat den ënnerschiddleche Materialien an hiren Eegenschafte fir d'Instrument aus. Fir hien ass de Choix vum Material, dat de ganz perséinleche Klang vun all Museker ausmécht, enorm wichteg. Wéi all Joer, war de Peter Swinkels och dëse Summer nees beim Internationale Forum fir Flütt a Piano zu Dikrech, fir d'Studenten ze beroden.