Kultur
D'Mamm vun alle Fantaisie-Romaner
Viru 65 Joer, am August 1954, huet ee bësse geckegen engleschen Professer e Buch erausbruecht, dat och haut nach e Bestseller ass. Rieds geet vum John Ronald Reuel Tolkien sengem "The Lords of the Rings". De J. R. R. Tolkien war wierklech eng Grëtz geckeg, well hien huet seng Nopere méi wéi eemol, als Wickinger verkleet, mat enger Aaxt erféiert, oder hien huet op der Uni Coursen iwwer Kobolte gehalen. Mee dem Tolkien seng dräi Bänn vun "The Lord of the Rings" gehéieren zu de grousse Bicher op dëser Welt a se hu mam Peter Jackson senge Verfilmungen nees eng Renaissance erlieft. Detailer mam Jean Claude Majerus.