arrow_back_ios
Klassik aktuell
Kammermusek am Klouschter
D'Stad Konz definéiert sech net just duerch e grousst Miwwelhaus an d'Ëmgehungsstrooss Richtung Tréier. Wann een a Konz erafiert, entdeckt een am Quartier Karthaus d'Klouschter Sankt Bruno, dat am 14. Joerhonnert gegrënnt gouf an antëscht Proprietéit vun der Stad Konz ass. Nieft lokalen a gesellschaftleche Manifestatioune leeft vum 30. August bis den 8. September den neie Konz Musik Festival - sechs Concerten mat Kënschtler aus der Groussregioun.