Klassik aktuell
Léna et Louise
7 min
D'Léna an d'Louise Kollmeier komme vu Parrette - Parrt op Lëtzebuergesch - direkt hanner der Grenz an der Province du Luxembourg. Béid Schwëstere si Pianistin an am Gaangen, sech lues awer sécher eng Carrière opzebauen. D'Léna Kollmeier forméiert mat der Sopranistin Stéphany Ortega den Duo Rosa an ass och Deel vum Trio O3. Zesumme mat hirer Schwëster Louise spillt si och am Duo. De 15. August si béid Schwësteren um Water Festival zu Etalle mat zwou Uropféierungen: "From Red to Blue" vum Camille Kerger a "Pichincha" vun der Virginie Tasset.