Klassik aktuell
klangkunst klassik
8 min
"Do, wou déi eng mat engem Programm ophalen, do setze mir un", seet de Klaus Reeh vun der Gesellschaft für aktuelle Klangkunst. Hir Concertsrei beschäftegt sech scho mat der traditioneller Kammermusek, mee virun allem mat den avancéierte Forme vun dëser Gattung. D'Concerte vu klangkunst klassik ginn an aussergewéinleche Säll proposéiert. Säll, déi duerch hir Architektur an Akustik dem Public eng besonnesch Stëmmung vermëttelen. Dëse Weekend (9. bis 11.8.2019) trëtt den Odyssey Ensemble zesumme mat der Sopranistin Susanne Ekberg op.