arrow_back_ios
Klassik aktuell
Just Sing
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Eigentlech gehéiert de Gesang zum Alldag. Et héiert een en am Radio, an an de Butteker, an eng ganz Partie Leit sangen entweder ënner der Dusch oder am Auto. A Chéier gëtt dogéint ëmmer manner gesongen. D'Julia Reidenbach proposéiert dofir e méi lackert Konzept, bei deem et virun allem ëm eppes geet: de Spaass. E Méindeg, den 19. August ass déi éischt Editioun vun dësem Projet mam Titel "Just Sing" zu Tréier an der TUFA.
De Luc Boentges huet doriwwer mat der Julia Reidenbach geschwat.