arrow_back_ios
Klassik aktuell
En Hafen als Séibühn
Zanter Joren hat d'Stad Tréier de Projet am Kapp, aus dem Hafen Zurlauben eng Kulturplaz ze maachen. D'Iddi gouf elo ëmgesat, an déi éischt Editioun vum Festival Kulturhafen Zurlauben mécht dëse Freideg, 30. August, hir Dieren op. Dëst soll eng Tribün gi fir divers Kultursparten, mat als Partner verschidde Kulturinstitutiounen aus Tréier an Ëmgéigend.