arrow_back_ios
Klassik aktuell
Ofschlossconcert mam Quatuor Hermès
De Quatuor Hermès ass e Sträichquartett, deen nach um Ufank vu senger Carrière steet, awer scho mat enger Partie Präisser ausgezeechent gouf. Den Ensembel gouf agelueden, fir den Ofschlossconcert vun de Kammermusiktage Mettlach ze spillen, dëse Sonndeg, 25. August, um 16.00 Auer an der Alte Abtei Mettlach. De Festival, deen dëst Joer fir d'éischt ënner der Leedung vun der Geiistin Franziska Hölscher steet, ass eng Plattform, wou jonk Talenter sech produzéiere kënnen.