arrow_back_ios
Klassik aktuell
Vu Renaissance bis Jazz
Virun hirem éischte Concert vun der neier Saison mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg versammele sech d'Blechbléiser vum OPL fir en Optrëtt beim Konz Musik Festival ze preparéieren. E Freideg, de 6. September interpretéiert den OPL Brass Ensembel lauter verschidde Stécker vun der Renaissance bis zum Jazz.
De Luc Boentges huet mam Dirigent Benjamin Schäfer iwwer de Concert, den OPL Brass Ensembel an d'Proufaarbecht geschwat.