Tëschent dem 10. September an dem 29. Oktober ass zu Diddeleng den internationalen Uergelfestival. Um Programm stinn e Concours, eng Masterclass, zwee Récitalen an eng Nuit d'Orgue mat véier verschiddenen Doumorganisten. De Luc Boentges war bei der Programmpresentatioun an huet mam President Jean Olinger a mam Lëtzebuerger Doumorganist Paul Breisch geschwat.
arrow_back_ios