arrow_back_ios
Klassik aktuell
Mondschein
Iwwerdeems Pink Floyd an hirem Album vun 1973 just The Dark Side of the Moon thematiséieren, beliicht d'Beethovenfest zu Bonn béid Facettë vum Äerdtrabant. De Mound, d'Nuecht mat alle méiglechen Associatiounen - dat war eent vun de groussen Themen an der Romantik, ofgesi vun den Nocturnen a Serenaden, déi schonn am 18. Joerhonnert Héichkonjunktur haten. D'Nike Wagner, d'Intendantin vum Beethovenfest, huet ronderëm den Thema Mondschein e Programm mat ville Facetten zesummegestallt.