arrow_back_ios
Klassik aktuell
Méi wéi just eng Uergel, e puer Kandidaten an eng Jury
Den Ament leeft déi siwent Editioun vum internationalen Uergelconcours zu Diddeleng. No enger Qualifikatiounsronn steet haut (12.9.2019) d'Halleffinall op der Affiche, wou zwielef Kandidate fir hir Plaz an der Finall kämpfen. Fir datt esou en Uergelconcours ouni gréisser Problemer geléngt, brauch ee méi wéi just eng Uergel, e puer Kandidaten an eng Jury.
Fir erauszefannen, wéi ee logisteschen Opwand tatsächlech dofir néideg ass, ass de Luc Boentges op Diddeleng gefuer an huet e Bléck hanner d'Kulisse geworf.